Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz huet folgend Kompetenzberäicher: d'Liewensmëttelproduktioun an der Landwirtschaft, dem Wäibau an dem Gaardebau, d'Aspekter vun der Liewensmëttelsécherheet am Zesummenhang mat der Primärproduktioun, déi ländlech Entwécklung an de Konsumenteschutz.

Eng modern, multifunktionell a virun allem nohalteg Landwirtschaft muss sech duerch d'Complementaritéit vun der Produktivitéit, dem Ëmwelt- an Déiereschutz, der Qualitéit vun de Produkter, den Aarbechtsplazen an enger ausgeglachener Raumuerdnung auszeechnen. Déi national Strategie fir dëse Secteur stëmmt mat de sechs Prioritéiten, déi an der Reglementatioun vum Europaparlament an dem Conseil iwwert d'Ënnerstëtzung vun der ländlecher Entwécklung duerch den Europäesche Landwirtschaftsfong fir d'Entwécklung vum ländleche Raum festgeluecht sinn, iwwerteneen.

Weiderliesen