Wäibauinstitut (IVV)

Den Institut

Ausléiser fir d'Grënnung vum Wäibauinstitut am Joer 1925 ware Pilzkrankheeten an Ongeziwwer, dorënner virun allem d'Rieflaus, déi deemools déi heemesch Wéngerte staark befall huet. Deemools hat dësen Institut d'Missioun, duerch praktesch Aarbechten um gesamte Gebitt vun der Wäiwirtschaft, de Wënzer ze hëllefen, dës schwéier Situatioun ze bewältegen, an hinne mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.

Dobäi huet de Wäibauinstitut unhand vun innovativen a praxisbezunne Léisungen déi heemesch Wënzer bei de sëllechen neien Erausfuerderunge permanent begleet an hinnen Hëllef ugebueden.

Haut ass den Institut niewent enger moderner Administratioun ëmmer nach e wichtegen Zentrum fir Recherche a ville wäibaulechen a kellerwirtschaftlechen Domainen. Mat senge 6 Hektar Wäigäert ass aus dem Institut eng Schnëttstell tëschent Theorie a Praxis, Fuerschung, Entwécklung, Berodung a Weiderbildung ginn. Innovativ Methode ginn erfuerscht a weiderentwéckelt, bis se an d'Praxis kënnen ëmgesat ginn.

Hautdesdaags sinn dem Institut seng Haaptaufgaben ugewant Fuerschung a Versich mat Praxisbezuch an de Beräicher Planzeschutz, pilztolerant Riefzorten, Entwécklung vun ëmweltschounende Produktiounsverfahren, Riewenernärung, Wäibau, Wäibehandlung, Oenologie a Moossname fir d'Fort- a Weiderbildung.

Doriwwer eraus spillt de Wäibauinstitut am Kader vun der "AOP Moselle luxembourgeoise" eng wichteg Roll bei der amtlecher Préiwung vu Qualitéitswäiner a Cremanten. D'Kontroll an d'Iwwerwaache vun all de Qualitéitskritären ass eng wichteg Aufgab, déi den Institut an dësem Beräich iwwerhëlt.

Den Institut ass och e wichtegen Uspriechpartner, wat d'Aus- a virun allem d'Weiderbildung vun de Wënzer betrëfft. E bitt Virträg, Seminären a Weiderbildungscoursen, déi sech mat de wichtege Froestellungen an Themeberäicher vun der Wäiwirtschaft befaassen, un, fir de Wënzer déi nei Erkenntnesser a Saache Wäibau a Kellerwirtschaft ze vermëttelen. Domat gëtt den Institut der Fuerderung fir en nohaltege Wäibau gerecht an hëlleft bei der Weiderentwécklung vun der Kompetitivitéit vum heemesche Wäibau.

Am Kader vun der Agrarpolitik verwalt de Wäibauinstitut d'Wéngerteparzellen, d'Ausschaffe vu verschidde staatlech Bäihëllefen an d'EU-Fërderprogrammer fir de Wäibau.

Am Kader vun der Wäibaupolitik steet de staatlechen Institut als zentral Ulafstell tëschent dem Wënzerberuff, dem Ministère fir Wäibau an der EU-Kommissioun. En huet d'Aufgab, déi national gesetzlech Bestëmmungen an d'EU-Direktiven an d'Praxis ëmzesetzen an hir Transpositioun an de Wäibaubetriber ze kontrolléieren an ze iwwerwaachen.

Historique

Am Joer 1884 ass Lëtzebuerg dem däitschen Zollveräin bäigetrueden. Däitschland war deemools um Ufank vun der Industrialiséierung an den neie Räichtum huet sech duerch e verstäerkte Schampeskonsum bemierkbar gemaach. Fir dëser Nofro gerecht ze ginn, huet den däitschen Handel an dëse Jore bal déi ganz lëtzebuergesch Wäiproduktioun opkaaft. Am Ufank vum 20. Joerhonnert war de Lëtzebuerger Wäibau op engem ekonomeschen Héichpunkt an d'Wäipräiser sinn drastesch an d'Luucht gaangen.

Nom éischte Weltkrich ass den Zollveräin opgeléist ginn an eis heemesch Wäiner sinn net méi op den däitsche Marché komm. Bei dës ekonomesch Schwieregkeeten ass och nach d'Plo vun der Rieflaus komm. Dëst Ongeziwwer huet d'Wuerzele vun de Wäistäck parasitéiert, sou datt déi heemesch Riewen duerch rieflausresistent Riewen hu missen ersat ginn. Fir iwwerhaapt kënnen ze iwwerliewen, huet de Wäibau, dee bis dohi just Matière-premièrë produzéiert huet, also misse komplett reorganiséiert ginn.

Vun engem Moment op deen aneren huet sech eng Rekonstruktiounsbeweegung a Gang gesat, déi trotz der Weltwirtschaftskris a knapp 20 Joer de Lëtzebuerger Wäibau esou geschaf huet, wéi mir en haut kennen.

Am Kader vun dëse Reforme gouf och 1925 déi Staatlech Wäibaustatioun gegrënnt, fir de Wënzer bei der Ëmstellung wëssenschaftlech a wäibaulech Fundamenter ze bidden. Deemools huet d'Haaptaufgab dora bestanen, de Wënzer dat néidegt Plantatiounsmaterial bei der Neibeplanzung vun de Wéngerten zur Verfügung ze stellen

Mä déi séier Entwécklung huet weider Ännerungen noutwendeg gemaach an am Laf vun der Zäit sinn nei Aufgaben derbäi komm. D'Gesetzer vun 1945, 1963, 1976 an 2003 hunn d'Missioune vum Wäibauinstitut erweidert. 1962 ass dat neit Gebai ageweit ginn.

Et si Missiounen am Beräich vun de Bezéiungen zu den EU-Institutiounen, der Wäibaukartei, der Wäikontroll, der Marque Nationale des Vins luxembourgeois (Office Nationale de l'Appellation d'Origine Protégée - Moselle luxembourgeoise), der Wäinanalys an der Verwaltung vu Fërdergelder dobäi komm.

Organigramm

De Wäibauinstitut ass niewent enger moderner Administratioun e wichtegen Zentrum fir Recherche a ville wäibaulechen a kellerwirtschaftlechen Domainen. Folgend Themeberäicher gi vum Wäibauinstitut senge véier Departementer ofgedeckt.

Wäibau a Bäihëllefen

D'Departement Wäibau huet folgend Aufgabeberäicher: Praxisbezunnen Zorteversich, Kontroll vun de Riefschoulen, Iwwerwaachung vun den Ëmplanzungen an Neiplanzunge vu Wéngerteparzelle bannent dem Wäibauperimeter, Ofgrenzung vum Wäibaugebitt, Lagenofgrenzung, Ëmsetzung vun der EU-Wäibaugesetzgebung, wëssenschaftlech Versich a Berodung am ekologesche Wäibau, Berodung vun de Wënzer, Informatiouns- a Weiderbildungsveranstaltungen, Ausschaffe vu verschiddene Bäihëllefen, Wäibaukartei, Internetsäit vum Wäibauinstitut a Wäibaustatistiken (Wäijoer).

Wäilaboratoire

De Wäilaboratoire féiert déi offiziell analytesch Préiwunge vum Moscht, de Wäiner, de Schaumwäiner an de Lëtzebuerger Cremanten duerch. Des Weidere bitt de Wäilaboratoire och eng Berodung beim Hierstelle vum Wäin. Zu dësem Zweck ass eng analytesch Préiwung vun de jonke Wäiner an deenen anere Wäiner noutwendeg.

Wäikontroll an AOP

D'Departement Wäikontroll iwwerpréift, ob déi streng Kritäre vum Cahier des charges vun der AOP-Moselle Luxembourgeoise agehale ginn. Niewent de Qualitéitswäiner mussen all d'Wäiner op Basis vu Stéchprouwen duerch d'Wäikontroll iwwerpréift ginn. Dës Kontrolle kënnen aus sensoreschen Expertisen, der Préiwung vun de Kellerbicher, dem Asetze vu Wäibehandlungsmëttel, Prouwe fir analytesch a sensoresch Tester an der Iwwerpréiwung vun der Bezeechnung vun de Wäiner bestoen.

Staatleche Wäibaudomaine

De Wäibaudomaine vum Lëtzebuerger Staat ëmfaasst ronn 5 Hektar Wéngerten, déi sech zu Réimech, Stadbriedemes, Éinen an Dräibuer befannen.

Annuaire: Wäibauinstitut

Aktualiséiert