Landwirtschaftleche Wirtschaftsdéngscht (SER)

De landwirtschaftleche Wirtschaftsdéngscht (Service d’économie rurale, SER) ënnersteet dem Regierungsmember, dee fir de den Departement fir Landwirtschaft a Wäibau zoustänneg ass.

Den SER gouf 1964 duerch d'Gesetz vum 21. Dezember 1964 iwwert d'Grënnung vun engem landwirtschaftleche Wirtschaftsdéngscht geschaf.

Seng aktuell Aktivitéite sinn am geännerte Gesetz vum 25. Februar 1980 iwwert d'Organisatioun vum landwirtschaftleche Wirtschaftsdéngscht festgeluecht.

Zoustännegkeetsberäich

Dem SER seng Haaptmissioune sinn:

  • objektiv a benotzbar Informatiounen iwwert déi allgemeng ekonomesch a sozial Lag an der Landwirtschaft an am Wäibau an déi spezifesch Lag an de verschiddene Kategorië vu Baueren- a Wënzerbetriber opzestellen; zu dësem Zweck sämtlech Ëmfroen duerchzeféieren a statistesch an ekonomesch Analysen auszestellen, an en Echantillon vun individuellen ekonomesche Comptabilitéite vu Bauerebetriber opzestellen an auszewäerten;
  • d'Bauere bei der Verwaltung an der Orientatioun vun hirem Betrib ze beroden;
  • d'Kooperatioun an déi géigesäiteg Hëllef tëscht Bauerebetriber, an och hir Upassung un déi nei ekonomesch, sozial an ëmweltpolitesch Bedéngungen ze fërderen;
  • de Joresbericht iwwert déi ekonomesch a sozial Lag an der Landwirtschaft an am Wäibau opzestellen;
  • d'Agrarmäert ze studéieren, ze beobachten an ze iwwerwaachen an déi viraussiichtlech Entwécklungen zwecks der Orientéierung vun der Produktioun jee no Nofro a Rentabilitéitsperspektiven ofzeleeden;
  • déi wirtschaftlech Lag vun de Betriber, déi Produiten aus der Landwirtschaft an dem Wäibau veraarbechten, ze studéieren a gëeegent Mëttel ze sichen, fir d'Entwécklung vun dëse Betriber ze fërderen;
  • un der Ausaarbechtung vun der gemeinsamer Agrarpolitik vun der Europäescher Unioun an hirer Ëmsetzung an Ausféierung um nationale Plang matzewierken;
  • weider spezifesch Studien an Enquêten iwwert déi wirtschaftlech a sozial Lag an der Landwirtschaft an am Wäibau, mat deenen e beoptraagt gëtt, duerchzeféieren.

Historique

Den SER ass 1964 an den Ufanksjore vun der gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) gegrënnt ginn, mam Zil, déi deelweis scho bestoend kleng Servicer vum Landwirtschaftsministère zesummenzeféieren an nei Aufgaben ze erfaassen, fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft an hir Baueren am Kontext vun der Grënnung vun Europa ekonomesch fit ze maachen an d'Interesse vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft um europäesche Plang ze vertrieden.

D'Grënnung vum SER huet sech 1964 wéinst den Aufgabe vum Landwirtschaftsministère, déi ëmmer méi komplizéiert an diversifizéiert goufen, opgedrängt. Et goung drëm, de Ressort vun der Landwirtschaft méiglechst effikass a wierksam schaffen ze loossen.

Bis 1964 huet de Landwirtschaftsministère zäitweileg Servicer ageriicht (zum Beispill: de Service fir ekonomesch Studien, de Service fir landwirtschaftlech Mäert, de Service fir landwirtschaftlech Comptabilitéit asw.), deenen hiert Personal detachéiert Fonctionnairen aus anere Verwaltungen oder zäitweileg Employéë waren.

Well dës Servicer net genuch koordinéiert an equipéiert waren a wéinst der europäescher Integratioun huet de Landwirtschaftsministère sech misse mam noutwennege Kader ausstafféieren.

Den SER ass virun allem gegrënnt ginn, fir objektiv Informatiounen iwwert déi ekonomesch a sozial Lag an der Landwirtschaft an am Wäibau op eng méi performant Aart a Weis opzestellen. D'Ausschaffe vun dëse Basisdonnéeë war deen Ament, wou déi ekonomesch Strukturen an der Landwirtschaft an am Wäibau zu Lëtzebuerg sech substanziell verännert hunn, vu grousser Wichtegkeet.

Dem SER seng Missioun huet sech och op d'Problemer vun de Mäert ausgedehnt. Zil war et, fir fir d'Zukunft net nëmmen d'Ëmsetzung vun de verschiddene Regele vun der Organisatioun vun de Mäert ze iwwerwaachen, mä och d'Tendenzen ofzeleeden an déi landwirtschaftlech Produktiounen ze studéieren, déi jee no Rentabilitéitsperspektiven anescht ausgeriicht hu musse ginn.

Den SER krut ausserdeem och den Optrag, déi lëtzebuergesch landwirtschaftlech Interessen an de verschiddenen internationalen Organisatiounen ze vertrieden an unhand vun de bestoende Studie sech op eng optimal Aart a Weis un den Diskussiounen an dësen internationale Gremien ze bedeelegen. Den SER huet et dem Landwirtschaftsministère ausserdeem erméiglecht, den Ufroen (virun allem vun den internationalen Organisatiounen a besonnesch vun der Europäescher Unioun) fir statistesch oder ekonomesch Informatioune besser kënnen nozekommen.

Zënter hier huet sech d'Vilfalt vun den Aufgabe kaum geännert, mä den Aarbechtsopwand huet a verschiddenen Domänen zougeholl.

Sou hunn zum Beispill d'Servicer fir Agrarmäert am Laf vun de Jore misse komplett reorganiséiert an hiert Fonctionnement der gemeinsamer Organisatioun vun de Mäert ugepasst ginn.

Organigramm

De Service setzt sech aus enger Direktioun an 3 Divisiounen zesummen.

Direktioun

Allgemeng Koordinatioun, juristesch Froen, Personal- a Budgetsfroen, technesch Ausrëschtung, asw. 

Annuaire: Direktioun

Divisioun vun den Direktzuelungen

Bedeelegung un der Ausaarbechtung vun der GAP am Beräich vun den Direktbäihëllefen, Verwaltung vun den Direktbäihëllefen (Basisprimmeregelung, Ausgläichszoulag, Primm fir d'Landschaftsfleeg an d'Erhale vum natierleche Liewensraum) an der Konditionalitéit, Bezéiunge mat deenen aneren Administratiounen am Kader vun der Verwaltung an der Kontroll vun den Demandë fir Bäihëllefen, Verwaltung vum Betribsregister, administrativ netsträiteg Verwaltungsverfahren;

Annuaire: Divisioun vun den Direktzuelungen

Divisioun fir landwirtschaftlech Verwaltung, Kontabilitéit a géigesäiteg Hëllef

Ausaarbechtung vun de Comptabilitéite vun enger Rei Baueren- a Wënzerbetriber; Betribsberodung; Bedeelegung un der Ausaarbechtung an der Ëmsetzung vum Agrargesetz, Vertriedung an enger Rei offiziellen Instanzen an Aarbechtsgruppe

Annuaire: Divisioun fir landwirtschaftlech Verwaltung, Kontabilitéit a géigesäiteg Hëllef

Divisioun vun den Agrarstatistiken, den Agrarmäert an den Aussebezéiungen

Ausaarbechtung vu Statistiken iwwert d'Agrarproduktioun, landwirtschaftlech Gesamtrechnungen asw.

Verwaltung a Kontroll vun den Agrarmäert (Cereallen, Uelegplanzen an Eewäissplanzen, Mëllech a Mëllechprodukter, Véibestand an Déierefleesch);

Bedeelegung un der Ausaarbechtung vun der GAP am Beräich vun den Agrarmäert.

Annuaire: Divisioun vun den Agrarstatistiken, den Agrarmäert an den Aussebezéiungen

 

Aktualiséiert