Martine Hansen am Gespréich mat Vertrieder vun der Baueren-Allianz

D'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, huet de Méindeg, 22. Januar 2024, Vertrieder vun der Baueren-Allianz fir e konkreeten a konstruktiven Austausch getraff. 

©MA (v. l. n. r.) Gast Braun ; Guy Trausch ; Claude Hilger ; Nico Kass ; Georges Feiteler ; Sonja Siebenaller ; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau; Marco Koeune, President vun der Baueren-Allianz ; Laurent Frantz, Vizepresident vun der Baueren-Allianz ; Gilles Leyder ; Raymond Braun
(v. l. n. r.) Gast Braun ; Guy Trausch ; Claude Hilger ; Nico Kass ; Georges Feiteler ; Sonja Siebenaller ; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau; Marco Koeune, President vun der Baueren-Allianz ; Laurent Frantz, Vizepresident vun der Baueren-Allianz ; Gilles Leyder ; Raymond Braun

Iwwerdeems bei dësem Treffen déi gemeinsam Prioritéiten an Aktualitéitsfroen thematiséiert goufen, huet d'Martine Hansen direkt kloergestallt "méi no vum Landwirtschaftssecteur wëllen ze sinn" an "déi administrativ Vereinfachung an de Fokus ze setzen, fir d'Baueren ootmen ze loossen". Der Ministesch no sinn d'Erausfuerderungen am Beräich vun der Digitaliséierung an der Landwirtschaft grouss, mee et misst ee schrëttweis virgoen.

Um éischte Landwirtschaftsdësch vum 4. Mäerz 2024, wëll d'Martine Hansen zesumme mat de Vertrieder vun de landwirtschaftleche Veräiner an dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, déi fir de Secteur wichteg Ëmweltfroen ugoen.

Wat d'Zil vun der Reduzéierung vun den Ammoniak-Emissiounen am landwirtschaftleche Secteur betrëfft, wëll d'Martine Hansen all méiglech technologesch Léisungsusätz a Betruecht zéien.

Am Beräich vum Transport vu liewegen Déieren, sinn d'Vertrieder vun der Baueren-Allianz an d'Ministesch an hirer ambitiéiser Positioun op enger Linn; hei huet Lëtzebuerg den Export vun Déiere fir Schluechtzwecker an Drëttlänner verbueden.

Ënnert anerem goufen nach follgend Punkten thematiséiert: den Ausbau vum Geméis- an Uebstubau duerch e verbesserte Waasserzougank, de Buedemschutz, d'Ënnerstëtzung vu jonken aktive Baueren, d'Fërderung vu lokalen a biologesche Landwirtschaftsproduiten an d'Lutte géint d'Liewensmëttelverschwendung.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

Aktualiséiert