Ländlech Entwécklung

D'Direktioun fir ländlech Entwécklung dréit iwwert zwee Haaptprogrammer zur ländlecher Entwécklung am Grand-Duché bäi: d'Duerfentwécklung an déi europäesch Initiativ LEADER.

Duerfentwécklung

Um Enn vun den 80er Joren, huet d'Europäesch Unioun déi ländlech Entwécklung zu enger vu senge Prioritéiten erkläert. 1989 huet de Ministère fir Landwirtschaft ugefaange ländlech Géigenden am Grand-Duché iwwert entspriechend Entwécklungsprogrammer ze ënnerstëtzen. D'Zil war déi bestoend Entwécklungsretarden opzehuelen an d'Ongläichheeten tëscht ländlechen an urbane Regiounen opzehiewen. Domat sollt och déi ländlech Auswanderung gebremst ginn. Duerch eng Rei un Hëllefsmesuren, huet de Ministère fir Landwirtschaft d'Offer u Basis-Servicer ausgebaut an zur Diversifizéierung vun der lokaler Wirtschaft bäigedroen, wat d'Liewensqualitéit an de betraffe Regioune verbessert huet.

Trotz dem Wuesstem an der allgemenger Popularitéit vun de ländleche Regiounen, ass den Entwécklungsprozess net ofgeschloss. Am Géigendeel: de Ministère fir Landwirtschaft huet en neien Hëllefsprogramm mam Titel "Duerfentwécklung" ausgeschafft, deen den aktuellen Erausfuerderunge Rechnung dréit.

E besonnesche Fokus läit dobäi um sozialen Zesummenhalt, dem Erhale vum Veräinsliewen an den Dierfer an der Bedeelegung vun de Bierger un Entwécklungsprojeten op Gemengenniveau. Doriwwer eraus ënnerstëtzt de Ministère Projeten an de Beräicher vun der Weiderbildung, der Diversifizéierung vun der Landwirtschaft, der Entwécklung vum Tourismus an der lokaler Wirtschaft. Och d'Erhale vum natierlechen a kulturelle Patrimoine steet nees méi am Vierdergrond. Ausserdeem sollen d'LEADER Büroe Chargés de mission zur Verfügung gestallt kréien, déi dozou bäidroe sollen den neien Hëllefssystem ze promovéieren, nei Projeten unzedreiwen, d'Biergerbedeelegung ze begleeden an d'Duerfliewen unzereegen.

LEADER

"Liaison Entre Actions de Développement de l'Economie Rurale" (LEADER) ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun, déi als Zil huet, Verbindungen tëschent Projeten an Acteuren aus der Wirtschaft am ländleche Raum hierzestellen. D'Objektiv ass, Mënschen a ländleche Regiounen ze mobiliséieren an hinnen ze hëllefen, hir eegen Iddien ze verwierklechen an nei Weeër auszeprobéieren.

D'Lokal Aktiounsgruppen (LAG) sinn d'Beneficiairë vu LEADER. An dëse Gruppe schaffen ëffentlech Partner (Gemengen) a privat Partner aus de verschiddene sozioekonomesche Secteuren zesummen. D'LAGe sinn, entspriechend dem Bottom-up-Usaz, fir d'Ausschaffen an d'Ëmsetze vun de Strategië fir eng lokal Entwécklung zoustänneg.

Säit der Aféierung zu Lëtzebuerg am Joer 1991 ass LEADER zu engem wichtege Bestanddeel vun der regionaler an nationaler Politik fir d'Entwécklung vum ländleche Raum ginn. Dank LEADER si 590 innovativ Projeten duerchgeféiert ginn. Vill Mënschen aus de ländleche Regioune waren a LEADER-Projeten agebonnen a konnten e Méiwäert doraus zéien.

LEADER ënnerstëtzt och d'Bevëlkerung an d'Wirtschaft, schaaft Aarbechtsplazen, belieft dat kulturellt a soziaalt Liewen, gëtt Impulser fir d'Notzung vun all de Potenzialer, huet als Zil, d'Bevëlkerung an déi verschidden Aktiounen anzebannen, stellt Verbindungen tëschent deenen, déi sech engagéieren, hier, erméiglecht innovativ Iddien a knëppt Kontakter tëschent de Bierger a ganz Europa.

Aktualiséiert