D'Martine Hansen am Gespréich mat de Vertrieder vun der ASBL Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren

D'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, koum haut fir e Gespréich mat de Vertrieder vun der ASBL Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren zesummen. Dës Entrevue ass Deel vun enger Serie vu Gespréicher, déi den Engagement vun der Regierung zugonschte vun engem verstäerkten Austausch mat den Acteuren aus dem Agrarsecteur verdäitlechen. 

© MA Gruppefoto
Gruppefoto

An dësem Gespréich haten déi Betraffen d'Méiglechkeet verschidden aktuell Themen unzeschwätzen, notamment d'Oplage vun der EU, d'Ëmsetzung vum aktuellen Agrargesetz an d'Bürokratie, déi bei der Gestioun vu klenge Biogas-Installatiounen ufält.

Bei den Diskussiounspunkte koum eraus, dass d'Lëtzebuerger Landjugend besonnesch den Interessi vun der Jugend fir d'Landwirtschaft wéilt fërderen. D'Martine Hansen huet hir Wäertschätzung fir déi villfälteg an innovativ Initiativen, déi vun de jonke Baueren ëmgesat goufen, zum Ausdrock bruecht. Sou Initiative wéi "Fro de Bauer", "Bauerenhaff an der Stad", oder nach déi verschidde Formatiounen, déi um IFEN ugebuede ginn, spillen eng wichteg Roll an der Sensibiliséierung vun de Schüler iwwert d'Realitéiten an d'Erausfuerderunge vun der Landwirtschaft. "De Ministère huet Wëlles dës Beméiunge weider z'ënnerstëtzen, déi fir dat staarkt Engagement zugonschte vun der Sensibiliséierung an der Bildung vun de jonke Generatiounen an dësem liewenswichtege Beräich stinn.", huet d'Ministesch betount.

D'Jongbauere weisen sech och motivéiert fir weiderhi fräiwëlleg un innovativen an nohaltegen Iddien ze schaffen, fir d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg weider ze diversifiéieren. Si wënschen sech an deem Kontext e besseren Encadrement fir esou Projetsträger ze begleeden an ze beroden.

Am Kader vun der administrativer Vereinfachung, déi geplangt ass, huet d'Ministesch un d'Jongbaueren appelléiert, hir déi alldeeglech bürokratesch Hindernisser ze mellen, déi si am Alldag ze meeschteren hunn.

Ofschléissend waren d'Participanten sech eens, dass si sech deemnächst ëm de "Landwirtschaftsdësch" versammele sollten, fir d'Diskussioun iwwert d'Verbesserung vu verschiddene bestoende Prozeduren am Respekt vun enger nohalteger Landwirtschaft weider ze verdéiwen.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

Aktualiséiert