"Antigaspi" Campagne: d'Antigaspi Ausstellung, eng Sensibiliséierungsmoossnam géint d'Liewensmëttelverschwendung

Déi breet Ëffentlechkeet ze sensibiliséiere manner Liewensmëttel ze verbëtzen an se iwwer déi richteg Methoden opkläre wéi ee manner Offall vu Liewensmëttel produzéiere kann, ass eng vun de Prioritéite vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. Dofir féiert de Ministère seng Campagne "Antigaspi - 8 gëlle Reegele, fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen" weider. Dobäi steet dëst Joer d'Reegel Nr. 4 am Vierdergrond: De Frigo richteg araume fir datt déi verschidde Liewensmëttel sech besser halen. An dësem Kontext stellt de Ministère iwwert d'ganzt Joer de Gemengen, Schoulen an Associatiounen, déi dorunner interesséiert sinn, d'Wanderausstellung "Antigaspi" gratis zur Verfügung.

D'Ausstellung "Antigaspi" thematiséiert déi 8 gëlle Reegelen andeems si erkläert wéi Liewensmëttelverschwendung entsteet a wat d'Konsequenzen dovunner sinn, a proposéiert gläichzäiteg Léisunge wéi een dat ka verhënneren. An der Praxis besteet de Parcours vun der Ausstellung aus verschiddene Statiounen an Zesummenhang mat Liewensmëttel, a wéi een dës manner verbëtzt: de Menu plangen, intelligent akafen, d'Iesswuere richteg lageren, de Verbrauchsdatum richteg interpretéieren, d'Iessreschter kreativ verwäerten.

Dës interaktiv Ausstellung riicht sech haaptsächlech u Grondschoulschüler vum 3. a 4. Cycle, well se e spilleresch pädagogeschen Tool fir d'Léierpersonal a Begleetpersounen duerstellt. Si steet awer och Associatiounen a Betriber zur Verfügung, déi am Beräich vun der Antigaspi-Sensibiliséierung aktiv sinn.

D'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen huet an dësem Kontext betount: "Liewensmëttel verbëtzen ass wéi seng Suen an d'Poubelle geheien. Et ass eng Perte fir de Portmonni vun de Verbraucher, eng Verschwendung vu Ressourcen an Zäit fir d'Baueren, déi dës qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel produzéieren, an natierlech och eng moralesch Fro. Opgrond vun den Etuden, déi mir bei de Stéit duerchgefouert hunn, wësse mir datt hannert dëser Verschwendung oft en einfache Manktem un Informatioune stécht, iwwert déi richteg Verhalensweisen am Alldag fir dat ze verhënneren. Eist Zil ass et déi jonk Verbraucher vu muer duerch d'Ausstellung "Antigaspi" z'informéieren an d'Jugend ze motivéieren "Antigaspi-Gesten" unzehuelen. D'Gemengen an d'Grondschoulen déi ons Ausstellung reservéieren si wichteg Partner fir ons."

D'Wanderausstellung "Antigaspi" ass Deel vun der Sensibiliséierungsstrategie géint d'Liewensmëttelverschwendung, déi de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau 2016 an d'Liewe geruff hat.

Weider Informatiounen iwwer déi richteg Antigaspi-Geste fënnt een ënner antigaspi.lu.

Informatiounen an Ufroe fir d'Ausstellung "Antigaspi" ze reservéieren ënnert der Adress: antigaspi@ma.etat.lu.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

Aktualiséiert